Leschte Freiden huet de Lauv säin Debut-Album "~how i'm feeling~" erausbruecht!
D’lescht Joer am Abrëll huet de Lauv op Instagram ëffentlech gemaach, datt hien un Depressiounen an enger Zwangsneuros leit. Ausserdeem hat hie Problemer sech anere Persounen unzevertrauen, esouguer senge beschte Kolleegen. Haut geet et dem Sänger dank Therapie a Medikamenter besser, hie selwer seet, datt hien endlech Kloerheet a Stabilitéit a sengem Liewen hätt. All d’Erliefnesser aus deene leschte Joren, verschafft de Lauv elo op sengem Debut-Album “~how i’m feeling~”. De Lauv huet iwweregens lettesch Originnen, säi Kënschtlernumm – Lauv heescht “Léiw” op Lettesch – ass eng Hommage u säi Stärenzeechen.
Mat senge 25 Joer schreift de Lauv iwwer Themen, ëm déi sech virun allem jonk Leit Gedanke maachen: Léift, Frëndschaft, de Sënn vum Liewen an d’eleng sinn. E gutt Beispill dofir ass deen drëtten Track um Album mam Titel “Lonely Eyes”, op deem de Lauv iwwert eng Bezéiung séngt, déi an d’Bréch gaangen ass.
De Lauv verpaakt déifgrënneg Texter an engem einfachen a relaxe Sound mat Melodien déi engem am Kapp bleiwen. Di eenzel Lidder op “~how i’m feeling~” gefale mir gutt, deen eenzege Problem: Mat 21 Tracks ass den Album einfach vill ze laang.