Leschte Freiden huet den Niall Horan säin neien Album "Heartbreak Weather" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Wéi esou dacks geet et och beim Niall Horan natierlech ëm d’Léift. No bal engem Joer Bezéiung huet hien sech nämlech am Dezember 2018 vun der Sängerin Hailee Steinfeld getrennt a verschafft dëse schwéiere Moment a sengem Liewen elo op sengem neien Album “Heartbreak Weather”.

Den Niall Horan bezeechent säin neie Longplayer selwer als Konzept-Album. Heescht konkret: Di eenzel Lidder stinn net fir sech, mee hunn eng thematesch an/oder musikalesch Relatioun zum Rescht vum Album a verfollegen esou ee kohärent Konzept. “Heartbreak Weather” behandelt op deene 14 Tracks di ënnerschiddlech Siichtweisen a Phasen vun enger Trennung, den Horan wollt d’Situatioun nämlech net nëmmen aus senger eegener Perspektiv duerstellen. Deen zweeten Deel vum Album-Titel “Weather” bezitt sech dobäi op di verschidde Gefills-Lagen déi een no esou enger Trennung duerchleeft, déi ännere kënnen, grad esou wéi d’Wieder, mol reenereg, mol sonneg. Och wann ee bei esou engem Thema éischter traurege Sound erwaart, sinn d’Lidder ofwiesslungsräich – vu rouege, gefillvolle Pianos-Balladen bis hin zu euphoresche, schnelle Pop-Songs ass alles mat dobäi.

Niall Horan "Heartbreak Weather" SNIPPET

All Respekt fir den Niall Horan, datt hie sech un e Konzept-Album erugetraut huet a senger Musek domat e méi déiwe Sënn gëtt. D’Approche zu “Heartbreak Weather” fannen ech gutt, déi Komplexitéit feelt mir allerdéngs bei der musikalescher Ëmsetzung – di meeschte Lidder si mir einfach ze kitscheg.