Leschte Freiden huet The Weeknd säin neien Album "After Hours" erausbruecht!

Lauschtert eran!

„No more daytime music“ – esou huet de Weeknd an de sozialen Netzwierker deen neien Album ugekënnegt. Op „After Hours“ erwaarden den Nolauschterer awer net nëmmen däischter a lues Lidder, mee och schmasseg Pop-Hits ewéi „Blinding Lights“ oder „In Your Eyes“.

View this post on Instagram

#afterhours : what’s your favorite song?

A post shared by The Weeknd (@theweeknd) on

Thematesch behandelt de Weeknd virun allem säin hedonistesche Liewens-Stil an d’Konsequenzen déi domat zesummenhänken: Party, Drogen, Ups and Downs oder Bezéiungen déi an d’Bréch ginn. Et ginn awer och Momenter an deenen hien erkennt, datt den Hedonismus net gutt fir hien ass an hie senge Matmënschen domat just wéideet. Um éischten Track „Alone Again“ entschëllegt de Weeknd sech fir deen, deen hie war a versprécht Besserung.

               "Take off my disguise
               I'm living someone else's life
               Suppressing who I was inside
               So I throw two thousand ones in the sky."
               (The Weeknd - "Alone Again")

E weideren intime Song op „After Hours“ ass „Snowchild“. Doran zielt den Abel Tesfaye seng perséinlech Liewens-Geschicht, vu senger schwéierer Kandheet – keng Perspektiv, Liewen op der Strooss – iwwert seng musikalesch Aflëss – Eminem, Jay-Z, Swae Lee – bis dohin, wou hien haut steet.

The Weeknd - "After Hours" SNIPPET

„After Hours“ ass en Album deen ee lauschtert, wann d’Party eriwwer ass – ee Saz, dee mir immens gutt gefall huet. Düster, melancholesch an nostalgesch, gläichzäiteg awer och positiv a prett fir di nächst Party. The Weeknd huet en ofwiesslungsräichen an déifgrënnegen Album geschafen, bei deem een och ganz kloer d’Influenz vum Sound aus den 80er Joren héiert. Ech géif iech roden: Huelt iech 56 Minutten a lauschtert „After Hours“, et ass derwäert.