Leschte Freiden, eng Woch méi fréi ewéi u sech geplangt, huet d'Dua Lipa säin neien Album "Future Nostalgia" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Schmasseg Bass-Lines a fatzegen Disco-Sound – mir sinn ukomm op den Dancefloors vun de 70er an 80er Joren. An obwuel et virun allem ëm Party, Spaass, Sex a Léift geet, weist d’Dua Lipa och Haltung an encouragéiert Frae fir staark ze sinn a sech näischt gefalen ze loossen. Ënnert anerem am Titel-Song „Future Nostalgia“, do geet et drëms, datt hatt kee Mann brauch fir seng Ziler ze erreechen. Oder och am Lidd „Boys Will Be Boys“, an deem d’Dua Lipa iwwert di stänneg Angscht séngt, sexuell belästegt ze ginn.

               "It's second nature to walk home before the sun goes down
               And put your keys between your knuckles when there's boys around
               Isn't it funny how we laugh it off to hide our fear
               When there's nothing funny here?"
               (Dua Lipa – "Boys Will Be Boys")

Op „Future Nostalgia“ verfollegt d’Dua Lipa ee kohärent Konzept – den Disco-Vibe zitt sech duerch di 11 Tracks, déi bis op eng oder zwou Ausnamen alleguer richteg Pop-Banger sinn.

Sieh dir diesen Beitrag auf Instagram an

🖤 a new age album launch party 🖤

Ein Beitrag geteilt von DUA LIPA (@dualipa) am

A passend zu där musikalescher Zäitrees sinn um Album natierlech e puer Samples verstoppt. An där aktueller Single „Break My Heart“ héiert een zum Beispill ganz kloer „Need You Tonight“ vun INXS eraus. Am Lidd „Love Again“ – dat iwweregens nieft „Levitating“ zu mengen Highlights um Album zielt – ass e Sample aus dem White-Town-Klassiker „Your Woman“ agebaut.

Dua Lipa "Future Nostalgia" SNIPPET

Wärend aner Pop-Stars ewéi d’Lady Gaga oder d’Alicia Keys hir Album-Releases wéinst der Corona-Pandemie no hanne verréckelt hunn, ass d’Dua Lipa en anere Wee gaangen an huet „Future Nostalgia“ einfach emol eng Woch éischter verëffentlecht. Gutt Entscheedung, well et ass dee perfekten Album fir eng Zäit an där mir alleguer Motivatioun an Oflenkung gebrauche kënnen – a wéi géif dat besser goen ewéi mat e bëssen Nostalgie an euphoreschem Power-Pop. D’Dua Lipa iwwerzeegt mat senger selbstbewosster an deelweis esouguer dominanter Aart a Weis a léisst eis di aktuell Suergen, op d’mannst fir kuerz Zäit, vergiessen.