No 3 EPs huet d'Kiana Ledé leschte Freiden op sengem 22. Gebuertsdag endlech säin Debut-Album "KIKI" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Eleng a senger Kummer, just mat engem Keyboard, engem Plackespiller, a senger Stëmm – esou beschreift d’Kiana Ledé seng Kandheet an där hatt di vill Zäit genotzt huet fir d’Musek-Welt kennenzeléieren an u senge Songwritng-Skills ze schaffen. Opgewuess zu Phoenix an Arizona, huet hatt mat 16 Joer decidéiert op Los Angeles ze plënneren fir säin Talent op onbekanntem Terrain weiderzeentwéckelen. E grousse Schrëtt fir eng Teenagerin ouni Suen, deen him, ewéi hatt selwer seet, awer virun allem fir de kreative Prozess immens vill bruecht huet. Haut zielt d’Kiana Ledé zu deene villverspriechendste Kënschtlerinnen iwwerhaapt an huet elo endlech säin Debut-Album „KIKI“ erausbruecht, benannt no sengem Spëtznumm. Op där éischter Single-Auskopplung „Mad At Me“ verschafft d’Sängerin e Sample vum Outkast-Klassiker „So Fresh, So Clean“.

Sieh dir diesen Beitrag auf Instagram an

She’s here. #KIKI

Ein Beitrag geteilt von Kiana Ledé (@kianalede) am

„KIKI“ ass en emotionalen Album, op deem d’Kiana Ledé ganz oppen iwwert seng Gefiller schwätzt. Et geet, natierlech, virun allem ëm d’Léift: Bezéiungen déi hatt esou rose maachen, datt hatt Pneuen zerpicken a Fënsteren zerschloe kéint, oder Partner, déi him keng Opmierksamkeet schenken. Ee Lidd, dat der Sängerin besonnesch um Häerz läit ass den Opener „Cancelled“, dat huet hatt nämlech fir eng Frëndin geschriwwen, dat ëmmer erëm vun deem selwechte Mann veraascht gëtt.

Kiana Ledé "KIKI" SNIPPET

Wéini wann net elo huet een Zäit, nei Musek a KënschtlerInnen ze entdecken. A ganz uewen op där Lëscht sollt vun elo un „KIKI“ vum Kiana Ledé stoen: Staarke Songwriting, eng immens villsäiteg Stëmm, grooveg R&B-Beats an eng Portioun Melancholie – 49 Minutte fir ze genéissen!