Leschte Freiden huet d'Lennon Stella säi Solo-Debut-Album "Three. Two. One." erausbruecht!

Lauschtert eran!

Scho ganz fréi huet d’Lennon Stella misse léieren selwer eens ze ginn. Nodeems hatt zesumme mat senger Schwëster duerch Cover-Versiounen op YouTube fir di éischte Kéier Opmierksamkeet krut, huet d’Sängerin seng Teenager-Zäit zu Nashville verbruecht, fir do an enger TV-Serie matzespillen. Dobäi koum dunn och nach d’Trennung vu sengen Elteren. Dat alles huet dozou gefouert, datt d’Lennon Stella op sech selwer gestallt war a Verantwortung huet missen iwwerhuelen – erwuesse ginn ass kënnt ee soen. Am Track 7 „Older Than I Am“ verschafft d’Stella dës Evenementer, bedauert datt alles esou séier gaangen ass a wënscht sech de jugendleche Liichtsënn zréck.

„Three. Two. One.“ ass musikalesch gesinn éischter reduzéiert. An de Beats héiert een Aflëss vun Elektro an R&B, mee am Fokus steet ganz kloer dem Lennon Stella seng delikat, zerbriechlech an awer präsent Stëmm.

Lennon Stella "Three. Two. One." SNIPPET

Op sengem Debut-Album weist d’Lennon Stella gutt Usätz. D’Iwwerleeung fir d’Stëmm an d’Lyrics an de Vierdergrond ze setzen gefält mir gutt. Ze kritiséieren hunn ech allerdéngs, datt den Album ze monoton ass an di 13 Lidder iwwer ëmmer op deem selwechte Level bleift.