E Freiden stoung den däitsche Reaggemuseker Gentleman zu Péiteng virun iwwer 300 Autoen op der Bün. Virum Concert war hien nach am Eldo-Interview.

Wärend dem Concert huet den Gentleman seng nei Single "Ahoi" wéi och aner Tracks vu sengem neien Album "Blaue Stunde" performed. Dës Songs si ganz ongewinnt op Däitsch. Dat wier eppes wat hie sech scho méi laang virgeholl huet:

De gewinnten Gentleman Sound op Patwah gëtt awer net komplett un den Nol gehaangen:

A fir säin neien Album huet de Reagge-Museker , wéi hie selwer seet, sech "komplett plakeg gemaach":

Autoconcerte si jo e gudden Ersatz zu normale Live-Shows wärend der Coronakris. Och den Gentleman huet scho viru sengem Optrëtt e Freiden zu Péiteng esou Concerte ginn:

Mee wéi bereed hie sech op esou eng Show fir?

Virun Autoen ze stoen an e Live Concert ze gin, ass fir hien dann awer keng Léisung op Dauer:

An op d'Fro op den Gentleman och eppes Positives aus der Coronakris zitt huet hien eis verroden:

Natierlech ass den Gentleman net laanscht eise Schnellcheck komm. Ob hien Loscht huet bei enger Stroumkëscht an enger U-Bahn ze chillen oder net, gitt dir hei gewuer: