Déi schottesch Band Mason Hill huet Ufank Mäerz hiren Debutalbum "Against the Wall" erausbruecht.

Déi schottesch Band Mason Hill wollt sech méi ewéi eemol opléisen. Dank der Hëllef vun de Fans an der Crowdfunding Plattform Kickstarter konnten si iwwerhaapt hiren Debutalbum ophuelen. Op der Sich no engem Produzent a Mixer haten zoufällegerweis ganz grouss Déieren aus dem Museksgeschäft Zäit. Een huet scho mat de Foo Fighters a Biffy Clyro zesumme geschafft an deen anere mam Sänger senger Lieblingsband Alter Bridge. Den Interview mam Scott weist dass hie selwer nach guer net realiséiert huet dass hien de Sänger vun enger Band ass déi et an Top 20 vun de UK Album Charts gepackt huet. Ze lang hunn si dorops hi geschafft. An Corona zwéngt si doheem ze bleiwen. Wéi hie mat dëser Situatioun ëmgeet an all d´Infoen zum hirem mega erfollegräichen Album „Against The Wall“ gëtt et am Interview vir d'Rockinvasion.

Si hunn Ufank Mäerz hiren Debutalbum erausbruecht, deen elo op Platz 1 vun de UK Rock Charts ass an op Platz 19 vun de UK Charts, also wierklech mat de weltwäit wichtegste Charts an der Top 20.

D´Wencke hat en interessant Interview mam Scott, dem Sänger vu Mason Hill.

Lauschtert hei den éischten Deel
Lauschtert hei den zweeten Deel
Lauschtert hei den drëtten Deel
RTL

Hei de Video zu der 3. Single D.N.A vun hirem Debutalbum