Viru sengem Show-Act dëse Freideg am Mercedes-Store an der Stad war de Felix Jaehn live am Eldoradio Interview

De Felix Jaehn hat schonn e puer Nummer-1Hits an senger däitscher Heemecht. „Cheerleader“ war souguer an Amerika un der Spëtzt vun den Charts. E Freideg huet de Felix Jaehn een exklusive Show-Act am Mercedes-Store an der Stad gespillt, virdrun war hien live am Eldoradio Studio. Wéi hien hei verroden huet, war hien schonn e puer mol hei zu Lëtzebuerg. Een Deel vu sengem Debütalbum ass souguer hei am Grand-Duché entstanen.

Lauschtert hei de Reportage: