
© eldo
Virum Concert am Atelier war den australesche Singer-Songwriter live am Eldoradio Studio.
Net just a senger australescher Heemecht ass den Dean Lewis ee grousse Star. Och an Europa huet hie sech mat Hits wéi "Be Alright" a "7 Minutes" en Numm gemaach.
Viru sengem Concert dësen Donneschdeg am Atelier war de sympathesche Singer-Songwriter live am Eldoradio Studio.
Am Schnellcheck verréit hien ënner anerem, wat hien als Premier Minister géing maachen, firwat hien säi Brudder belunn huet, a wéi eng Zort Fraen hien sexy fënnt.
Am Eldo-Studio huet den australesche Museker dunn nach mam Catherine aus dem Nomëtten iwwert säin Duerchbroch geschwat a firwat hie gréisstendeels traureg Lidder schreift. Ma an Zukunft wëll hien och "happy tracks" produzéieren, well déi senger aktueller Gefillslag entspriechen.
Deeler vum Interview an e ganz spezielle Message u seng Lëtzebuerger Fans fannt dir am Video: