"Mir freeën eis op de Festival an op den Norde vu Lëtzebuerg" - Michael Krammer alias "Snacky Mike", Gittarist vu Bilderbuch.

Mat "Mea Culpa" ass am Dezember 2018 ouni vill Reklamm en neien Album vun der éisträichescher Band Bilderbuch erauskomm. Zwee Méint drop koum du mat "Vernissage My Heart" och schonn den Nächsten. Grond fir dësen ongewéinleche Release war ganz einfach datt d'Band ze vill Output hat fir just ee Longplayer ze produzéieren. Fir d'Fans net mat engem iwwerdriwwe laangen Album ze iwwerfuerderen, bei deem se an der Halschent keng Loscht méi hätten nozelauschteren, hunn déi 4 Museker deemno einfach en Zweete gemaach.

Ma och déi ënnerschiddlech Stëmmunge vun de Songs hunn d'Decisioun vun 2 Albe gepräägt. Beim éischte Longplayer dominéiere perséinlech Themen an eng méi emotional Atmosphär. Fir "Vernissage My Heart" dogéint war d'Band zesummen an der Vakanz an huet bei summerlecher Stëmmung un neie Lidder geschriwwen, an dat héiert een eraus.

Ma souwuel den ongewéinleche Release-Prozess, wéi och de Fakt datt een hir Musek net kategoriséiere kann ass "Normalitéit" fir d'Band. Si wëllen a kënne sech net an ee Genre stieche loosse well si ganz einfach 4 ënnerschiddlech Charaktere sinn a vun dohier och ënnerschiddlech Musek produzéieren. Déi 4 wiere frou, datt si bei esou villen ënnerschiddlechen Iddien a Goûten iwwerhaapt op ee gemeinsamen Nenner kommen, an esou ass d'Diversitéit vun hirer Musek scho bal zu engem Statement ginn

Doriwwer eraus verréit de Snacky Mike, Gittarist vun der Band, am Eldo Interview, datt d'Welt méi Bands brauch déi Wäert op d'Musek leeën aplaz domat primär wëlle Suen ze verdéngen. Dat ass ee Gedanken, deen och bei "Europa22" erauskënnt. D'Aktioun mat de virtuellen Europapäss gouf zwar zu Promo-Zwecker genotzt, ma d'Iddi ass scho virdrun entstanen. Ufanks wollten d'Museker souguer richteg Päss erstellen, ma datt dëst net duerchgesat gouf war déi richteg Decisioun.

Mat esou engem enorme Feedback hätt Bilderbuch nämlech net gerechent: Och wa se frou sinn de Gedanken initiéiert ze hunn, gréisser thematiséiere wollten se dat Ganzt elo net: "Mir  si Museker a keng Politiker".

Lauschtert hei den Interview!

An als Museker sti se och gläich schonn nees zu Lëtzebuerg op der Bühn, den 21. Juli 2019 kënnt d’Band zréck an de Grand Duché, dat fir e Concert um Festival de Wiltz. Méi Informatiounen iwwert hiren Optrëtt fannt dir

.