Hir Inspiratioun ass eng Fra, stresse loosse si sech net an nervös si se no iwwer 20 Joer am Museksgeschäft ëmmer nach...

Laang war et roueg ëm eng vun den aflossräichste Bands aus Däitschland, ma wéi Seeed Ufank 2018 en neien Album an eng nei Live-Tour annoncéiert hu war den Hype séier nees do. Bannent Stonne waren d’Concerten ausverkaaft - och zu Lëtzebuerg! An dat obwuel nach keen dat neit Material ze héiere krut an nach ee Joer sollt vergoe bis d’Berliner Band an op Lëtzebuerg sollt kommen.

E puer Méint nodeems Seeed annoncéiert hat neit Material erauszebréngen an op Tour ze goen ass de Leadsänger Demba Nabé dunn awer gestuerwen. D’Doudesursaach ass bis haut net ganz kloer ma och d’Membere ware sech ufanks net eens wéi et soll viru goen. Am Eldo Interview hunn den Tobias, genannt Tobsen a Bassist vun der Band, verroden, datt fir hien direkt kloer war: Den Demba Nabé hätt wëllen duerch d'Musek viru liewen an dowéinst misst och Seeed viru goen. Ganz anescht beim Frank Dellé (Leadsänger), deen ufanks esou schockéiert war, datt den éischte Gedanke war "Seeed ass fäerdeg". An enger gewësser Hisiicht, war deem och esou, Seeed wéi et d'Band mol gouf, gëtt et net méi. Ma och den Dellé huet no der éischter Phas vun der Trauer erkannt, datt sech d'Musek entwéckele kann a muss, fir dem Demba, senger Passioun an de Fans gerecht ze ginn.

Zréckgemellt hu sech déi dunn nach 10 Bandmemberen mat der Single "Ticket", den éischten Track vum Album "Bam Bam", dee ganzer 7 Joer laang op sech waarde gelooss huet. De Grond firwat "Ticket" dat éischt Lidd aus dem Album war, ass kloer: Et ass eng Hommage un de verstuerwene Kolleg. Ma firwat et iwwerhaapt 7 Joer gedauert huet bis en neien Album entstoe konnt ass dem Dellé no och simpel "Saachen dauere esou laang wéi se eben daueren." Et hätt een zwar villäicht kënne méi séier nei Tracks produzéieren, mee dat ass net hire Stil an esou séier schreiwe si eben och keng gutt Lidder. Dat wichtegst ass si fannen duerch d'Beats ëmmer nees zesummen oder wéi den Tobsen seet: "Wéi eng Heesprénger-Plo, déi all 7 Joer opdaucht".

Dozou koum dunn nach dass d’Museker mat Soloprojete beschäftegt waren. Wéi se sech dunn awer zesumme gesat hunn an déi éischt Beats entstane si war kloer et ass genuch Inspiratioun do fir en neien Album. Bei 10 Membere stellt ee sech esou e Songwriting-Prozess zimlech haart a chaotesch vir, ma esou wéi Seeed et ausdréckt ass et eng ganz poetesch Phas.

D'Fra, déi Seeed inspiréiert:

An déi "Fra", vun där d'Seeed Membere schwätze wa se vun Inspiratioun schwätzen, wär dann och verantwortlech dofir a wéi eng Richtung den neien Album geet. An dësem Fall also méi features mat anere Museker, eng komplett däitschsproocheg Plack an eben och e méi onopgereegte Sound.

Wann d’Studio-Aarbecht dann eriwwer ass geet et op Tour an och wa Seeed elo scho laang am Geschäft sinn, esou bestätegt den Tobsen, datt hien, egal ob et virun engem Arena-Publikum oder engem klengen Test-Publikum wier, ëmmer d'selwecht opgereegt ass. Ma eng gewëssen Opreegung wär gutt an déi wéilt den Dellé op kee Fall vermëssen. Genee esou wéineg wéi déi kleng Momenter, déi ee bei Live-Optrëtter erlieft. Am léifste wär him wann e mierkt, datt en eenzel Persoune begeeschtere kann, ob eng Persoun all Zeil matsange kann ass egal, Haaptsaach d'Begeeschterung sprengt iwwer vun de Museker op d'Fans an ëmgedréint.

Wéi laang mer op den nächsten Album vu Seeed waarde mussen, dat wollt Seeed eis awer net verroden. Kéinten se och net: Ëmmerhi weess een ni wéini déi ganz besonnesch Fra - also d'Inspiratioun - als nächst géif kommen.

© Eldoradio