Di kanadesch Punkrockband Sum 41 ass dëse Mëttwoch live an der Luxexpo The Box ze gesinn. Am Virfeld war de Frontmann Deryck am Eldo-Interview.

Sum 41 si bekannt fir Hits wéi "Still Waiting" a "Pieces" - an aus de Line-Ups vun e sëllege Festivaller net méi ewech ze denken. Elo sinn si zréck op Tour mat engem neien Album...

Dësen Dënschdeg hu si hir Stadiontour an Europa ugefaangen a presentéieren hei hiren neien Album "Order in Decline". Op dësem Wierk, dat gréisstendeels an 3 Wochen geschriwwe gouf, dominéieren Theme wéi Hoffnungslosegkeet, Roserei an eng kritesch Haltung vis-à-vis vun der aktueller Weltpolitik. Dat sot de Frontmann Deryck Whibley eis och am Eldoradio Interview.

Den Albumtitel "Order in Decline" inspiréiert sech dobäi un engem bestëmmte Lidd, dat de ganzen Album representéiert.

Dee gréisste Problem sinn a sengen An vill di falsch Informatiounen, déi sech an de sozialen Netzwierker verbreeden:

Nieft de politesche Songs ass um Album mat "Never There" awer och ee ganz perséinlecht Lidd:

De Museksbusiness verännert sech a sengen An extrem séier:

Fir den Deryck bedeit dat vrun allem eppes: weiderhi gutt Lidder schreiwen:

Am Public gesäit den Deryck al Fans, awer och vill jonk Leit:

Den Deryck spillt vill a groussen Halen, trëtt awer och gären a mi klénge Locations wéi d'Luxexpo op:

Lauschtert hei de Schnellcheck mam Deryck vu Sum 41