Den Drummer vun „Die Toten Hosen“ ass e Samschdeg mat senger anerer Band „Cryssis“ zu Lëtzebuerg opgetrueden. Am Virfeld war hien am Eldo-Interview.

Wann de Vom Ritchie net mat den Toten Hosen grouss Concerte spillt, dann ass den Drummer mat senger anerer Band Cryssis ënnerwee. Deemno stoung Cryssis e Samschdeg den Owend zu Käerch am Duerfkessel op der Bün. Am Summer 2018 ware si schonn am selwechte Sall opgetrueden a ware richteg gutt bei de Spectateuren ukomm. D'Band hëlt sech ëmmer Zäit nom Concert mam Publikum ze schwätzen. Dësen ass esouguer Deel vun der Band.

Cryssis gouf 2010 nei gegrënnt wéi de Vom Ritchie säi fréiere Bandmember den Dick York no 25 Joer erëm kontaktéiert huet. 3 Albe si bis elo erauskomm mat deene virun allem a klenge Säll getourt gëtt.

Ass d’Musek vu Cryssis anescht wéi déi vun den Toten Hosen? De Vom Ritchie versteet d’Lidder vu Cryssis besser well se op Englesch sinn! Hien hat nämlech laang geduecht dass d’Toten Hosen-Lidd „Was zählt“ iwwer Zelter a Camping schwätzt!

Wat kënne mir eis dann an Zukunft vun den Toten Hosen erwaarden?

De Vom Ritchie ass een Englänner an ass zënter 1998 Deel vun der Däitscher Band „Die Toten Hosen“ wat mat sech bréngt, dass hie vill Zäit an Europa verbréngt. Lescht Woch huet Groussbritannien endgülteg d’EU verlooss. Esouwuel den Drummer wéi de Sänger sinn allen zwee traureg, dass et zum Brexit komm ass a mengen dass et schwiereg wäert gi fir brittesch Bands.

Dë Concert vu Cryssis zu Lëtzebuerg gouf vu "Speedrock" organiséiert a war fir de gudden Zweck. Een Deel vum Erléis ass un d’Fondatioun SOS Kannerduerf gaangen.

Lauschtert hei de Reportage