Am Eldoradio-Schnellcheck verréit d'Nicool ënner anerem, wat säi geheimt Laster ass a wou hatt ni géing higoen op engem éischten Date.

D'Nicole Bausch huet eng klassesch Museksausbildung ofgeschloss, ass an de Conservatoire gaangen a war an engem Museksveräin aktiv. Iergendwann ass hatt dunn beim Hip-Hop gelant, nodeems e Concert vum Rapper R.A. the Rugged Man hatt total faszinéiert huet. Hatt war esou begeeschtert dass hatt dono direkt ugefaangen huet eegen Texter ze schreiwen.

No sengem Debutalbum "Den Ufank vum N" vun 2019 huet d'Nicool sech dëst Joer zréck gemellt mat der neier Single "Stolz"- de Moment op Plaz 10 am Chartbreaker.

Seng Texter beschäftege sech mat Themen aus dem Alldag, der Léift, an alles wat een sou beschäftegt am Liewen. Dorëms goung et och am Eldoradio-Schnellcheck. Lauschtert hei, wat d'Nicool sech vun eisem Premier Minister géing wënschen, firwat hatt viru kuerzem gelunn huet, a wou hatt ni säin éischten Date wéilt verbréngen.

Lauschtert hei de Schnellcheck mam Nicool