Am Interview mat Eldoradio schwätzt de Fritz Kalkbrenner iwwert seng Zäit als Journalist, seng éischt Schrëtt als Museker a säi Liewen op Tour.

Als Teenager huet de Fritz Kalkbrenner vrun allem HipHop gelauschtert a war als Sprayer aktiv. Réischt duerch säi Brudder Paul koum hien op de Goût vum Techno, Als éischt huet de Fritz seng Suen awer als Journalist verdéngt, eege Lidder huet hien just niewebäi produzéiert. Mat der Single „Sky and Sand“ ass him schliisslech 2008 den Duerchbroch gelongen.

Mat 16 Joer huet de Fritz kalkbrenner d‘Berliner Technoszene entdeckt, mat der Konsequenz dass hie mat 17 vun der Schoul geflunn ass. Dee Moment huet hien och seng éischt Schrëtt als Produzent gemaach

Haaptberufflech huet de Fritz Kalkbrenner awer als Kultur- a Museks-Journalist geschafft - fir Sender wéi MDR, MTV an Deutsche Welle. D’Musek huet hien 10 Joer als Hobby niewebäi gemaach

Haut ass de Fritz net méi deen, deen d’Froen stellt, mee hien kritt Froen vun anere Journaliste gestallt. Froen , déi hien nerven, ginn et awer u sech keng

Gëtt et dann eppes, wat hien bis elo nach net iwwert sech verroden huet?

Nach bis Abrëll geet dem Fritz Kalkbrenner seng Europatour - mat Optrëtter ënner anerem zu Paräis, Berlin an Amsterdam. Wéi hält ee sech eigentlech fit, wann een all Owend am Nuetsliewe schafft.

Disziplin ass also säi Geheimnis. Selwer feiere geet de Fritz kaum nach.

Optakt vun senger aktueller „True Colors“ Tour ass de Concert zu Lëtzebuerg an der Rockhal. An eisem Land spillt de Fritz ëmmer nees gären.

Och des Kéier wäert hien an der Rockhal fir Partystëmmung suergen. Danzt hien eigentlech selwer gären?

De Publikum wäert hien mat senge Beats awer sécher un d’Danzen bréngen.