Di schottesch Band kënnt den 9. Oktober 2021 live an d'Rockhal.

De 22. Oktober 2020 sollt di schottesch Rockband an d'Escher Rockhal kommen.  Wéinst de Corona-Restriktioune gouf dee Concert elo verréckelt.

D'Organisateure vum Atelier hunn elo een neien Datum ugekënnegt. Deemno triede Biffy Clyro den 9. Oktober 2021 an der Rockhal op.

Mat dobäi hu si net just hir bekannte Klassiker, mee och hiren neie Studioalbum “A Celebration of Endings”.

De Virverkaf fänkt Freides den 21. August um 10h un - um Internetsite vum Atelier.

RTL

© atelier