
© Rockhal
Déi US-amerikanesch Rockband Imagine Dragons huet sech am Joer 2008 zu Las Vegas gegrënnt an hat hiren Duerchbroch am Joer 2012 mam Album "Night Visions" op deem ënnert anerem de Welt-Hit "Radioactive" mat drop war.
Am September 2021 ass dann hire leschten Album "Mercury - Act 1" erauskomm, deen si dann och warscheinlech wärend hirer Tour virstelle wäerten.
Elo kommen si den 16. Juni 2022 live op Lëtzebuerg a wäerten een Open-Air Concert virun den Héichiewe bäi der Rockhal spillen. De Concert wäert am Kader vum Kulturjoer "ESCH2022" ënnert dem Numm "Open Air Belval" zesumme vun der Rockhal an ESCH2022 organiséiert ginn.
No der Band The Black Eyed Peas (15.Juni 2022) ass dëst deen zweete Concert dee wärend dem "Open Air Belval" wäert stattfannen.
Dës gëtt rëm bësse méi ee grousse Concert mat engem Public mat bis zu 10.000 Visiteuren.
D'Tickets fir dëse Concert wäerten ab dem 5. November 2021 em 10:00h op rockhal.lu an d'Vente goen!