Déi amerikanesch Rock-Band spillt am Joer 2022 um Belval virun den Héischierwen.

Déi amerikanesch Rockband "The Killers" huet sech am Joer 2001 gegrënnt an ass säit dem net méi aus der moderner Rock-Musek ewechzedenken. Mat hirem éischten Album "Hot Fuss" aus dem Joer 2004 hunn si et direkt an d'Top 10 vun de britteschen Charts gepackt. Op dësem Album war dann och hir grouss Hit-Single "Mr. Brightside" mat drop déi bis haut als bekanntste Single gëllt. 
Hiren neisten Album "Pressure Machine" aus dem Joer 2021 wäerten si dann am Kader vun hirer Tour am Joer 2022 virstellen.

Elo kommen si den 10. Juli 2022 live op Lëtzebuerg a wäerten een Open-Air Concert virun den Héichierwen bäi der Rockhal spillen. De Concert wäert am Kader vum Kulturjoer "ESCH22" ënnert dem Numm "Open Air Belval" zesumme vun der Rockhal an ESCH22 organiséiert ginn.

Dës gëtt rëm bësse méi ee grousse Concert mat engem Public mat bis zu 10.000 Visiteuren.

D'Tickets fir dësen Concert wäerten ab dem 22. Dezember 2021 em 10:00h op rockhal.lu an d'Vente goen!