
Måneskin / © ANP/AFP/Sander Koning
Den 12. Februar hätten déi italienesch MusekerInne vu Måneskin sollte bei eis op Lëtzebuerg an d'Rockhal kommen...
Wéi d'Band e Méinden den Owend matdeelt, gëtt hir ganz "LOUD KIDS ON TOUR '22" wéinst der Corona-Pandemie no hanne verréckelt. Et hätt een alles gemaach fir d'Tour ewéi geplangt kënnen ze spillen, mee an deene leschten Deeg wieren ëmmer méi schlecht Nouvellen a punkto Capacitéite vun de Concertshaiser komm, esou dass engem näischt Aneres iwweregbliwwe wier, esou Måneskin op Social Media.
Vun der Ofso betraff sinn am Ganzen 29 Concerten queesch duerch Europa. Dorënner natierlech och den Optrëtt hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal den 12. Februar. En neien Datum fir de Concert gëtt et leider nach net. Alleguer déi Leit déi schonn en Ticket fir d'Tour haten, gi virum 1. Mäerz kontaktéiert.