Déi brittesch Sängerin wäert am Kader vu senger Tour och hei zu Lëtzebuerg ee Concert spillen.

Déi brittesch Sängerin Jessie J gehéiert mat Sécherheet zu deene bekanntste Sängerinnen an der moderner Pop-Musek. An deene leschte Joren huet d'Sängerin ënnert anerem e puer Brit Awards an ee Grammy gewonnen.

Duerch Lidder wéi "Price Tag" an "Bang Bang" ass d'Musekerin op der ganzer Welt bekannt ginn.

Den 12. Juli 2022 kennt d'Sängerin zeréck op Lëtzebuerg a wäert an der Rockhal optrieden.

Tickets ginn de 7. Februar ëm 10.00h op rockhal.lu an d'Vente.

RTL

© Rockhal