Den Datum vum Concert huet scho missen dräi mol misse verréckelt gi wéinst der Pandemie.

Déi däitsch Pop-Band Giant Rooks sollten eigentlech de 5. Mäerz 2022 am Atelier optrieden. Nodeems de Concert schonn dräi mol huet misse verréckelt ginn, huet den Organisateur awer lo een neien Datum zesumme mat der Band fonnt.

De 5. Juni 2022 wäerten d'Giant Rooks dann hoffentlech endlech hei a Lëtzebuerg kenne spillen.

All d'Tickets bléiwe gülteg fir deen neien Datum.