Fans vum GIMS hu sech missen a Gedold üben. Et war 1 vun den éischte Concerten deen huet misse wéinst der Pandemie verréckelt ginn.

Um Donneschden huet et endlech geklappt. 4 mol huet dem GIMS säi Concert misse verréckelt ginn. An domat huet hien de Neistart gesat vun de grousse Concerten zu Lëtzebuerg no der Pandemie.

Special Guests, Hits vu senger fréier Band d'Assaut a ganz vill Motivatioun. De Gandhi Bilal Djuna aka GIMS konnt de lëtzebuergesche Publikum iwwerzeegen a begeeschteren am Kader vu senger Decennie Tour op där hien 15 Concerte gëtt.

Wéi seng 10 Joer Bünenerfarung en Donneschden an der Rockhal am grousse Sall ukomm ass héiert dir hei:

Och d'Kany war fir den Eldo um Concert:

Concertscheck GIMS