
Max Giesinger / © Christoph Köstlin
Vum 16. bis de 24. Juli 2022 fënnt zu Iechternach am Haff vun der Abtei erëm den Open-Air-Festival Echterlive statt!
Als weideren Act huet den Trifolion de Max Giesinger annoncéiert! Den däitsche Museker wäert den 21. Juli um 21:00 Auer virun der historescher Kuliss zu Iechternach op der Bün stoen. D'Diere ginn um 19:00 Auer op.
Tickete si vun elo un am Virverkaf ze kréien: Luxembourg Ticket | Trifolion
Nieft dem Max Giesinger wäert ënnert anerem och de Christophe Maé um Echterlive spillen. Weider Acts fir d'Editioun 2022 ginn deemnächst verëffentlecht!