
© Youtube Screenshot
De brittesche Sänger sollt eigentlech de 16. Abrëll am Atelier optrieden.
Virun e puer Deeg huet de brittesche Singer a Songwriter Sam Ryder nach seng neiste Single "SPACE MAN" released a sollt domadder eigentlech och de 16. Abrëll 2022 live am Atelier hei zu Lëtzebuerg optrieden.
Leider huet de Museker awer lo op senge soziale Medie gesot, dass hien d'Tournée leider misst verréckelen. Dës Kéier ass awer net ze Corona Virus Schold drun mee den Eurovision Song Contest, bei dem de Sänger vir Groussbritannien untrëtt. Hien sot hie wéilt sech doropper perfekt virbereeden a géif dowéinst seng Europa-Tour verréckelen.
Wéi den Atelier matdeelt wieren si awer drun een neien Datum ze sichen an et wier definitiv derwäert drop ze waarden.
D'Tickets bléiwen awer natierlech och gülteg fir deen neien Datum.