
Måneskin / © Sander Koning / ANP / AFP
"Loud Kids On Tour Gets Louder 22-23"!
Am Fong hätte Måneskin jo sollten den 12. Februar dëst Joer an der Rockhal spillen. Elo hunn d'Organisateuren an déi italienesch Formatioun awer endlech en neien Datum fonnt an annoncéiert! Måneskin wäerten deemno d'nächst Joer den 30. Abrëll 2023 op Lëtzebuerg an d'Rockhal kommen!
D'Ticketen fir d'Sold-Out-Show bleiwen natierlech fir deen neien Datum gülteg! Nieft Lëtzebuerg wäerte Måneskin bei eis an der Géigend ënnert anerem och zu Amsterdam, Bréissel, Köln oder Paräis optrieden.
