
© Eldoradio
Den amerikanesche Pop-Sänger wäert am Kader vu senger Tour och ee Stop hei zu Lëtzebuerg maachen.
Den amerikanesche Singer a Songwriter John Legend ass ee vun deene gréissten a bekanntste Sänger am Moment.
A senger Karriär kann den John Legend op 7 Studioalben, 11 Grammys, 1 Oscar a ganz vill grouss Hits zeréckkucken.
Elo kennt de Weltstar am Kader vu senger Tournée dann och hei op Lëtzebuerg wou hien de 6. Juli an der Rockhal wäert optrieden.
D'Tickets fir de Concert gi Méindes den 28. Mäerz op rockhal.lu an de Verkaf.
