Den jamaikanesche Sänger kënnt zeréck op Lëtzebuerg!

Den jamaikanesche Rapper a Sänger Sean Paul misst zimmlech jidderengem ee Begrëff sinn, deen an deene leschte Joren an engem Club war.

Seng riseg Hits "She Doesn't Mind"  oder "Got To Luv U" aus dem Joer 2012 gehéieren an all gutt Playlist a suergen direkt fir summerlech Good-Vibes.

Elo kennt de Sean Paul endlech rëm zeréck op Lëtzebuerg. Den 3. Juli 2022 wäert hie live an der Rockhal optrieden.

D'Tickets ginn den 1. Abrëll ëm 10 Auer op rockhal.lu an de Verkaf.