Eigentlech sollt de brittesche Museker den 29. Mäerz an der Rockhal optrieden.

Wéi d'Rockhal matgedeelt huet, ass de Concert vum brittesche Museker Sting an der Rockhal ofgesot. Dëst well een Deel vum Sting senger Crew positiv op de Corona Virus getest ginn ass.

Niewend der Show hei zu Lëtzebuerg muss dann och de Concert zu Leipzig, Hamburg an zu Dijon ofgesot ginn.

D'Rockhal probéiert elo een neien Datum fir de Concert ze fannen. D'Tickets behalen natierlech hire Wäert a kennen da fir den neien Datum benotzt ginn.