
© Eldoradio
Relativ iwwerraschend hunn AnnenMayKantereit haut eng nei Club-Tournée annoncéiert!
"Barfuß am Klavier", "Pocahontas" oder "Ausgehen" si wuel déi bekanntsten Hits vun der däitscher Band. Aktuell ginn si mat hirer Interpretatioun vum Suzanne Vega sengem "Tom's Diner" (feat. Giant Rooks) viral. Elo hunn AnnenMayKantereit, déi an Däitschland grouss Halen an Arenae fëllen, exklusiv iwwert hir Newsletter d'Club-Tournée "Tut gut wieder hier zu sein" ugekënnegt. An do komme si och endlech zeréck bei eis op Lëtzebuerg!
Datum: Samschdes, den 21. Mee 2022
Venue: den Atelier
AbonenntInnen kënnen dann elo schonn iwwert e Link an där Newsletter Ticketen kafen. Den offizielle Virverkaf leeft de 4. Abrëll um 12:00 Auer un.