Nodeems de jonken däitsche Rapper Majan scho leschte Summer wärend de Concerten um Glacis hei zu Lëtzebuerg war, kennt hien lo zeréck an den Atelier.

Am Mäerz 2019 huet den däitsche Rapper Majan mat senger Single "Nie da" säin Debut an der Museksbranche geféiert. No enger ganzer Rei Lidder wéi "Beifahrer Sitz" zesumme mat der Sängerin Lea oder "1975" zesumme mam Cro huet hien awer och am Joer 2021 säin éischten Album "Skits" erausbruecht.

Nodeems de Maja d'lescht Joer am Kader vun de Concerten um Glacis opgetrueden war, kennt hien de 16. Abrëll 2023 live fir ee Concert an den Atelier.

D'Tickets ginn den 8. Abrëll ëm 16.00 op atelier.lu an de Verkaf.