
© Eldoradio
Milky Chance ginn am Hierscht erëm op Tournée a maachen och Statioun hei zu Lëtzebuerg!
Den 13. Mee fänkt déi däitsch Band hir Festival-Saison un. Ënnert anerem wäerte si um "Summerjam" zu Köln spillen, d'Clôture ass dann de 24. September zu Berlin um "Lollapalooza". Ewéi Milky Chance elo op Instagram annoncéiert hunn, wäerte si direkt duerno op grouss Europa-Tournée goen! Deen éischten Optrëtt wäert de 7. Oktober zu Lausanne stattfannen.
Am Ganze stinn 44 Stied a 25 Länner um Programm. D'Alternative-Rock-Band kënnt dann och endlech zeréck bei eis op Lëtzebuerg!
Datum: 20. Oktober 2022
Venue: Rockhal Club
Ticketen: Virverkaf vum 29. Abrëll um 11:00 Auer un op rockhal.lu