E Mix aus ale Songs, e puer neien Tracks & Lidder, déi de Ryan Tedder fir aner Museker*Inne geschriwwen huet - Domat huet d'Band iwwerzeegt.

Hand op d'Häerz, nodeems den Albumcheck vun "Human", dem leschte OneRepublic-Album, net esou positiv ausgefall war, ass ee villäicht mat gemëschte Gefiller op de Concert vun der Band ronderëm de Ryan Tedder gaangen. Ma wien Angscht hat, dass d'Jonge sech primär op déi nei Tracks géife konzentréieren, deem gouf d'Angscht séier geholl.

Nom Support Act Dan Caplen (kennt ee vum Track "These Days" zesumme mam Macklemore) ass et kuerz no 21h00 lass gaange mat OneRepublic. No engem kuerze Video sinn d'Jongen op d'Bün komm, hu sech ouni Bla-Bla hir Instrumenter geholl a lass geluecht. "Kids" aus dem Joer war den éischte Song, direkt duerno koum "Good Life" a spéitstens do wosst een: dat heite gëtt e Concert, do kann een all Lidd matsangen. Hit no Hit gouf rausgeballert an där huet d'Band der e Puer!

Wann ee schonn iwwer 15 Joer zesumme Musek mécht, wär et schwéier eng Auswiel ze treffe wéi eng Songs een dann elo wëll spillen, esou de Ryan Tedder an dowéinst hätte si sech fir e konterbonte Mix entscheet, dat géif d'Band am Beschten definéieren. Ma et sinn net just OneRepublic-Songs, déi et op d'Tracklëscht gepackt hu mee och e puer Lidder, déi de Ryan Tedder fir aner Museker*Inne geschriwwen huet. Esou huet Lëtzebuerg op dësem Donneschdeg-Owend op engem OneRepublic-Concert laudenhaart bei "Halo" (geschriwwe fir d'Beyoncé) oder och "Sucker" (geschriwwe fir d'Jonas Brothers) matgegrölt.

Et mierkt een einfach: De Ryan Tedder ass de Kär an den Hit-Faktor vun dëser Band, sief et wat d'Lyrics ugeet, wéi och de Gesang. Hien huet d'Show gedroen. Menger Meenung no heiansdo en Ticketen ze vill, esou dass een deelweis d'Gefill hat e Solo-Optrëtt vum Frontmann ze erliewen an net onbedéngt eng Band bestoend aus 6 Jongen.

Nieft ganz vill Stëmm vum Ryan Tedder, bei där een och mol Héngerhaut krut, goufen awer och e puer Wierder un de Public geriicht. An dat wat gesot gouf, war wéi d'Musek, déi se ofgeliwwert hunn: éierlech. Vu perséinlechen Anekdote vum Frontmann, sief et Inspiratioun vu Lyrics wéi Burn-Out, bis zu den aktuelle Krisen a Kricher, déi eis den Ament beschäftegen.

No ronn 2 Stonne gouf de Concert mat Konfetti an engem Medley aus ënnert anerem "Chasing Stars" an "Lose Myself" ofgeschloss. Fazit: OneRepublic stoung schonn dacks zu Lëtzebuerg op der Bün, ma dem Matsang-Pegel no ze urtdeele géif d'Eldoland se ëmmer nees hei begréissen!

Wéi huet Iech de Concert gefall?!