E Mëttwoch huet den Atelier d'Editioun 2022 vum POND Eclectic annoncéiert!

Nom Erfolleg vu leschtem Joer wäerte mir och dëst Joer erëm eng ganz Rëtsch Open-Air-Shows am Amphitheater Park um Kierchbierg erliewe kënnen. Dat ufanks September um POND Eclectic. No enger grousser "Ultraschall Opening Party" de 4.09. stinn ënnert anerem d'Tash Sultana, de Fritz Kalkbrenner oder den Tom Walker op der Affiche!

POND Eclectic: Line-Up

04.09.2022: Ultraschall Opening Party // Peppa Pig
05.09.2022: Yann Tiersen
06.09.2022: Tash Sultana
07.09.2022: Tom Walker
09.09.2022: Fritz Kalkbrenner

De Virverkaf leeft dëse Freiden 6. Mee um 10:00 Auer un!

RTL