
© Eldoradio
Nieft neie Lidder huet hien natierlech och al Klassiker zum Beschte ginn.
Um Punkt 9 Auer ass hien op d'Bühn komm an huet direkt mat der Single "Alles war schön nichts tat weh" lassgeluecht. De Casper, mat senger Band, engem Cello, zwou Gittaren, Bass, Keyboard an Drums.
Nieft senge bekannte Lidder wéi "So Perfekt" an"Ascheregen", ware seng Fans bei "Hinterland" net méi ze bremsen, an hunn Non Stop viru gesongen.
Geint halwer 11 war et dunn un der Zugabe an de Casper krut den Atelier wéi schonn de ganzen Owend zum danzen a feieren. En Owend bei dem een einfach mol de Moment genéissen konnt... no Corona... ouni Restriktiounen... ganz onbeschwéiert!
Lauschtert hei d'Reaktiounen aus dem ausverkafen Atelier: