D'Rockhal an d'Post Lëtzebuerg presentéieren Open Air Belval meets OPL with Gast Waltzing! Dat am Kader vun Esch2022.

No den Open-Air-Concerten vun de Black Eyed Peas (15. Juni) an den Imagine Dragons (16. Juni), a just e puer Woche virun The Killers (10. Juli), wäert d'Bün virun den Héichiewen um Belval komplett mat lokale Kënschtler*inne gefëllt sinn. Begleet gi si vum Orchestre Philharmonique de Luxembourg ënnert der Leedung vum Gast Waltzing.

Mat op der Affiche sti Bands déi d'Musekszeen hei zu Lëtzebuerg iwwert déi lescht Joerzéngten mat opgebaut a gepräägt hunn, awer och Acts déi haut ugesot sinn: CHAiLD, Culture The Kid, Der Däiwel, Dream Catcher, Edsun, Francis of Delirium, Fred Barreto Group, Maz, Park Café, Serge Tonnar, Surf Cowboys, Them Lights oder Tuys.

Den Open Air Belval meets OPL fënnt sonndes den 19. Juni 2022 statt. Um 17:00 Auer geet et lass. Den Entrée ass gratis.

RTL

© Screenshot Rockhal