"Et war déi éischt awer definitiv net déi lescht kéier zu Lëtzebuerg!", esou den 29 Joer alen däitsche Kënschtler zum Sold Out Atelier!

Kuerz no 20h30 ginn d'Luuchten am ausverkaaften Atelier aus an den Nico Santos start direkt voller Energie mat sengem Hit "Play with Fire", a bréngt vun der éischter Minutt un d'Stëmmung zum iwwerkachen. Domat war dann och direkt scho kloer wéi eng Zort vu Concert et gëtt: Matsangen a matdanzen an datt fir grouss a kleng!

Nieft senge bekannte Lidder, ewéi "Better", "Unforgettable" an "Rooftop", konnt de Kënschtler och mat engem Moonwalk a senger Versioun vun ënnert anerem "Man in the Mirror" iwwerzeegen. Et war awer net nëmmen e Concert mat enormer Partystëmmung, mee och mat perséinlechen Anekdoten, emotionale Pianonummeren a virun allem enger éierlecher Presenz. D'Fans konnten sech dann och virun allem iwwert néi Musek freeën, déi gouf net nëmme presentéiert mee och direkt mat Hëllef vum Eldoland zu engem magesche Moment gemaach, deen engem och nach nom Concert am Kapp bléift.

An datt ass menger Meenung no och datt grousst Stéchwuert vum ganze Concert: Magesch a Memorabel! An wann een eppes muss ervirhiewen dann ass datt wierklech déi Éierlechkeet déi de Kënschtler vermëttelt: Et huet ee keng Sekonn drun gezweiwelt datt hien den Owend vun Ufank bis Schluss genoss huet, a fir all Eenzelen am Atelier dankbar war.

D'Publikum schéngt dann och virun allem e bleiwenden Androck hannerlooss ze hunn: Ëmmer erëm huet de Nico Santos an och d'Band sech vun dem grousse Support iwwerwältege gelooss! Och wann dem Sänger seng Bom 20 Joer zu Lëtzebuerg gelieft huet, war hie selwer nach ni fir e Concert hei am Land. Datt géif sech awer an Zukunft änneren, well no ronn annerhallwer Stonn konnten d'Fans mat engem Verspriechen heem goen: ,,Et war déi éischt awer definitiv net déi lescht kéier zu Lëtzebuerg!"

Wéi huet Iech de Concert gefall?