Um Samschdegowend huet Scooter mat hirer Tour "God Save the Rave" fir mega Stëmmung an der Rockhal gesuergt.

Géint véierel op 9 ass et um Samschdegowend mam Concert vun der däitscher Technoband Scooter lass gaangen. Scho virum Concert huet ee gemierkt, dass d'Stëmmung bei de Visiteure riseg ass. An der Entrée vun der Rockhal gouf scho fläisseg gesongen a Party gemaach. Direkt beim éischte Lidd, dat de selwechten Titel dréit wéi de Numm vun der Tour, war kloer, dat gëtt ee waarmen Owend. D'Léit hunn vun Ufank u matgedanzt, gesprongen a gesongen. De Frontsänger H. P. Baxter huet déi ganz Rockhal zum Matmaache beweegt. No bëssi manner wéi 2 Stonne war et dann och eriwwer, mee dat huet Fans net dovunner ofgehalen nach weider ze sangen an eng mega Stëmmung a gutt Laun ze verbreeden.

Nieft e puer neie Lidder, hunn awer och déi bekanntste Single, wéi "How much is the fish", "Maria (I like it loud)" an "One (Always Hardcore)" net gefeelt. Iwwerzeegt huet Band och mat engem grousse Bünebild bestoend aus enger verréckter Luuchten- a LED-Show zesumme mat Feier a Freedefeier.

D'Band, déi säit 1993 existéiert, huet ënnerschiddlech Generatioun deen Owend zesummebruecht an d'Léit waren all begeeschtert.

Wéi hunn d'Leit de Concert fonnt? Lauschtert hei: