
© Eldoradio
Déi jonk Sängerin Anne-Marie wäert no 2019 nach eng Kéier hei am Land ee Concert spillen.
Déi brittesch Sängerin Anne-Marie huet scho ganz fréi ugefaange Musek ze maachen a stoung mat nëmme 6 Joer schonn op der Bün vun engem Theater Stéck.
2013 huet hat dann seng eege Musekskarriär ugefaangen an hat am Joer 2016 säi groussen Hit "Rockabye" zesumme mam Clean Bandit.
Am Juli 2021 ass dann och der Musekerin hire leschten Album "Therapy" erauskomm. Elo huet den Atelier d'Sängerin eng zweete Kéier no sengem Concert am Joer 2019 op Lëtzebuerg invitéiert fir ee Concert an der Rockhal ze spillen.
D'Tickets ginn den 10. Juni ëm 10 Auer an de Verkaf.