No Joere sinn si erëm zréck am Land a bereet de Belval zum Danzen ze bréngen! Virun hirem Optrëtt hate mir se awer nach am Interview!

De Mëttwoch waren d'Black Eyed Peas um Open Air Belval. D'Erwaardunge ware grouss a Froen hat der och un d'Band. Mir hunn déi natierlech viru ginn a wéi dat ausgesinn huet - vun Interview bis Concert, dat gesitt der hei:

Black Eyed Peas am Eldo-Interview

D'Jonge kommen em den Eck an huelen direkt de Raum an: Hannert enee kommen si eragedanzt an dat mat engem grousse Laachen a positiver Energie. Virun allem huet een hir Loscht a Motivatioun erëm ënnerwee ze sinn an optrieden ze kënnen direkt gespuert. Si hunn dann och direkt betount wéi gutt et deet no de leschte Joren endlech nees zréck ze sinn.

An de leschte 25 Joer huet sech den Trio aus Los Angeles een Hit nom aneren erausbruecht, donieft sechs Grammy Awards gewonnen, an iwwert 120 Millioune Singlen verkaaft. Virun allem waren si awer och ëmmer gären op Tour a bei de Léit dobaussen. D'Pandemie huet si awer dunn no all deene Joren zu enger Paus gezwongen... De Kapp hänke loosse koum awer zu kengem Moment a Fro, well d'Zäit ouni Optrëtter gouf fläisseg genotzt: Deels fir nei Musek, awer och virun allem fir nei Inspiratioun ze fannen.

An op déi Inspiratioun kënnen sech dann elo och d'Fans freeën: Néi Musek gëtt et nämlech scho ganz gläich! Ganz niewebäi hunn d'Jongen nämlech och ugekënnegt dat schonn dëse Freiden en neien Track erauskënnt, a wéi een dat dann och di lescht Zäit scho vun hinne kennt, handelt et sech och hei ëm eng Kollaboratioun, an dat net mat iergendengem...

1995 ass de Numm "Black Eyed peas fir d'éischt opgetaucht, an 2003 koum dann och schon hiren éischten groussen Hit "Where is the Love?". Zënterhir huet sech net nëmmen musikalesch bei der Grupp vill gedoen, mee och bei den Memberen huet sech déi eng oder aner kéier eppes geännert. Doduerch muss een sech natierlech emmer erëm néi erfannen, wat awer fir d'Grupp kee Problem ass well dat fir si och en Deel dofunner ass weiderhin erfollegräich ze bleiwen.

Si betounen dann och namol, dat et no ville Joren am Business, enger Säits wichteg ass sech ëmmer weider ze entwéckelen an sech néi inspiréieren ze loossen, awer och net ze vergiessen de Moment ze genéissen an dankbar fir déi ënnerschiddlech Méiglechkeeten ze sinn.

An dat wëllen si dann och an Zukunft bléiwen: Hongreg op méi! An virun allem weiderhi Musek maachen, haaptsächlech Musek mat vill Hannergrond a Gedanken. Sech géigesäiteg ënnerstëtze spillt awer net nëmmen an der Musekswelt eng Roll mee och an den anere Beräicher fir déi si sech weiderhi wëllen asetzen!