
© Eldo
No 4 Joer hunn d'Imagine Dragons endlech nees de Wee zréck op de Belval fonnt.
Iwwer 11.000 Leit hunn um Donneschden-Owend de Wee op de Belval fonnt. Och wann d'Imagine Dragons net deen eenzege Concert am Kader vum Open Air Belval sinn, war et dach dee gréisste Concert, deen d'Rockhal zanter laanger Zäit organiséiert huet.
D'Konzept vum Open Air ass beim Public richteg gutt ukomm. Natierlech huet d'Meteo um Belval um Donneschden-Owend och matgespillt. An nodeems d'Band ronderëm den Dan Reynolds schonn 2018 d'Rockhal ausverkaaft hat, hunn si et 2022 fäerdeg bruecht, dat Duebelt un Ticketen ze verkafen. D'Show um Belval war komplett Sold Out.
D'Show vun den Imagine Dragons war da genee esou, wéi een se sech erwaart huet. Vun Ufank bis zum Schluss stoungen all hier grouss Hits op der Setlëscht. Mat dobäi, en energiegeluedene Frontsänger, vill Konfetti an eng impressionant Show a Pyrotechnik.
Schued war awer ganz kloer, dass de Concert no knapp 90 Minutte schonn nees eriwwer war. Fir esou een Open Air Concert an dëser Gréisst, hätt een sech scho mindestens zwou Stonnen erwaart. Vill Fans hunn och nach minuttelaang op eng Zugabe gehofft, déi awer leider net koum.
Bei engem Open Air Concert mat iwwer 11.000 Leit ass et natierlech och schwéier, de selwechte Concert-Feeling ze erreeche wéi an der Rockhal selwer. Virun der Bün gouf et Näischt ze meckeren. Op de Säiten huet een sech awer iergendwéi eleng gefillt. Virun allem war de Sound hei definitiv net dee Beschten.
Rockhal oder Open Air? Béides huet seng Vir an Nodeeler. Et ass awer e Konzept, dat funktionéiert.
De Fazit vun der Show ass Top! Leider war se awer vill ze kuerz!