An domat ass d'Open-Air-Show vun der däitscher Band de 17. Juli virun der Luxexpo komplett ausverkaaft!

De Weekend vum 16. a 17. Juli invitéiert den Atelier op de Luxexpo Open Air. Samschdes trieden déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier op, sonndes si Seeed op Besuch um Kierchbierg. An d'Show vun der däitscher Reggae- an Dancehall-Band ass elo komplett Sold Out! Dat huet Den Atelier e Méinden matgedeelt.

Zanter hirer alleréischter Performance hei zu Lëtzebuerg um Rock-A-Field am Joer 2013, hätt d'Band eng speziell Connection mam lëtzebuerger Public opgebaut. Et géif ee sech immens freeën, déi gutt Laun, d'Passioun an d'Energie vu Seeed dëse Summer erëm hei am Land ze erliewen, esou nach den Atelier.

"A huge thank you goes to the band that has been loyal to us over the years, to the whole team of Luxexpo The Box, who always had an open ear for our projects, and of course to all the 15.000 fans who have been there all this time and held onto their tickets." (Den Atelier)