Eng éierlech Show mat wéineg Schnick-Schnack awer dofir vill Stëmm(ung)!

Snow Patrol fannen hire Wee an d'Abtei Neimënster, oder och bal net: Wéi de Sänger, Gary Lightbody, nom éischte Song kuerz no 21h00 verréit. Hien hat sech an der Stad verluer a säin Handy wollt him d'Location vum Concert net richteg uweisen, ma duerch 3 Fraen, déi souwisou op de Concert wollten, krut en de Wee schlussendlech nach gewisen an huet et no dem Support-Act Seed To Tree bis op d'Bün gepackt.

Eppes aneres hätt de Public och net acceptéiert, deen ëmmerhi schonn zanter 2 Joer op dëse sold-out Concert waart. Ëmmer nees gouf e verréckelt an dat huet een och un der Stëmmung gemierkt: D'Leit hunn drop gebrannt Snow Patrol ENDLECH live ze erliewen, genee esou wéi d'Band sech gefreet huet fir si ze spillen.

A wann ee seet "d'Leit hunn drop gebrannt", da mengt ee bei esou engem Concert zwar net, dass een duerno keng Stëmm méi huet oder ausser Otem ass vum Sprangen, ma et huet een d'Emotioune gespuert. Virun allem beim Lidd "Chasing Cars" huet all Mënsch matgesongen an de Moment genoss. D'Location huet dozou natierlech och säin Deel bäigedroen, genee esou wéi de Sound, deen TOP war an och dem Leadsänger seng Stëmm, déi hoergenee esou kléngt wéi een dat aus dem Radio kennt, huet begeeschtert.

Ma och aner, deels méi nei, Lidder konnte fir Héngerhaut suergen, esou zum Beispill de Song "What if this is all the love you ever get?".

Wie gären op Concerte geet fir sech der Band méi no ze fillen a se besser kennen ze léieren, dee kéint vun de Britten villäicht e bëssen enttäuscht sinn. Anekdote goufen et nämlech net vill, allerhéchstens mol e klengen Joke vum Leadsänger tëschenduerch. Fir de Recht waren d'Gitarewiessel zimmlech féx an et gouf sech op dat konzentréiert woufir se do waren: Éierlech live Musek!

No annerhallwer Stonn kann ee soen, déi 5 Memberen hunn op der Bün definitiv dat ofgeliwwert wat ee sech als Fan vun hirer Musek erhoffen an erwaarde konnt: Vill Emotiounen, e gudde Mix aus alen a méi neie Songs an eng authentesch Show ouni vill Schnick-Schnack awer dofir mat vill Spaass op a virun der Bün.

Lauschtert iech un wat d'Leit vum Concert gehalen hunn!