De Concert sollt eigentlech de 14. Juli an der Rockhal stattfannen.

Wéi d'Organisateure matgedeelt hunn, wäert de Concert vum puerto-ricanesche Reggaeton Sänger OZUNA net kënne stattfannen. De Concert sollt eigentlech de 14. Juli an der Rockhal sinn, muss awer lo wéinst logistesche Problemer ofgesot ginn.

Bis elo gesäit et och esou aus wéi wann de Concert net nogeholl géif ginn. D'Tickets déi ee bis elo kaaft huet, kann een HEI zeréck ginn an da kritt ee säi Geld zeréck iwwerwisen.