D'Alicia the World Tour: Balladen, dancy Songs an en zefriddene Public!

Nodeems den D Smoke mat senger Band Rockhal agehetzt huet, ass d'Alicia Keys no 21 Auer op d'Bün komm.

Et war eng Show op déi ee laang huet misse waarden nodeems se 2 mol wéinst der Pandemie huet misse verréckelt ginn. Awer e Freide war et dunn esou wäit. D'Alicia Keys live zu Lëtzebuerg am Kader vu senger The Alicia World Tour an der ausverkaafter Rockhal.

An et war eng Show déi esou munches ze bidden hat. Nieft 2 grousse Leinwänn op de Säite vun der Bün war den Hannergrond vun der Bün e risege Bildschierm op dem Live Biller vum Owend iwwerdroe goufen, mat spezial Effekter an an enger onfaassbarer Qualitéit. Och dem Alicia Keys säi Fligel war e witzegt Showelement, well dëse vun eleng iwwert d'Bün gefuer ass, an esou ëmmer genau do stoung wou déi amerikanesch Sängerin e grad gebraucht huet.

D'Setlist war gutt gefëllt mat alen an neie Songs. Wéi an der Mëtt vum Concert e risegt Duch d'Siicht op d'Bün verdeckt huet, an dëst dunn fir eng Aart Schattenspill genotzt gouf, hunn d'Museker wärenddeem e klengen instrumentalen Interlude gespillt. Duerno ass d'Alicia Keys zréck komm. Awer net op d'Bün, mee hannen am Sall op e klengt Podest bei den Techniker. Hei huet d'Singer-Songwriterin säin Talent a seng Villfältegkeet ënner Beweis gestallt. Seng Songs goufen ëmmer an zwou Versioune gespillt. Emol wéi een et gewinnt ass, begleet mam Piano, an emol mat engem DJ-Set an enger méi peppeger danzbarer Versioun.
Duerno huet d'Alicia Keys dunn nach um Podest Empire State of Mind gespillt, hier et duerch de Public zréck op déi Haaptbün gaangen ass.

D'Stëmmung war dunn net méi ze bremsen, well dunn all seng grouss Hits komm sinn: Fallin', Girl on Fire, Superwoman an zum Schluss Underdog.

No knapp 2 Stonnen huet d'Alicia Keys seng Tour awer nach mat enger Zugab ofgerond. Nodeems d'Band nach virgestallt gouf an d'Queen If I Ain't Got You gespillt huet, gouf de Public zefridden zréckgelooss: