Den éischte Concert um Luxexpo Open Air huet d'Energie vun de 4 Männer op der Bün, och bis an déi lëscht Reie vum Publikum bruecht!

Um 17h30 kommen déi éischt Fans iwwert de Site gelaf, fir ganz vir bei der Bün stoen ze kënnen. An lues a lues fëllt sech dann och am Laf vum Owend de Recht vum Site mat Léit, déi bereet si fir en Owend voller Energie. Den DJ Thomilla leet eng Stonn virun de Fanta 4 op, a wéist schonn emol wéi grouss d'Virfreed no 2 Joer op de Concert ass.

Pünktlech um 21h00, geet net nëmmen d'Sonn hannert der Bün ënner, mee och déi 4 Kënschtler leeë lass. An dat mat engem vun hire ganz groussen Hits "M.F.G.", a rappe vun der éischter Sekonn souwuel Grouss, ewéi och Kléng mat! Den Tempo ass domat gesat, an gëtt och mat Tracks ewéi "Ernten was wir säen", "Troy" an "Die da" bäibehalen!

Lauschtert hei d'Reaktiounen!

Net nëmmen die Fantastischen 4 sprangen a sange wärend dem ganze Concert, mee och all Mënsch um Site. An och déi Leit méi wäit hannen, konnten duerch déi 2 grouss Ecranen alles matverfollegen an och wierklech all Schweessdrëps op der Stier vun de Kënschtler gesinn. "Déi al Säck" sinn definitiv nach gutt a Form an hunn net nëmme selwer Bock, mee wëssen definitiv och wéi se hire Fans Loscht matrappen.

Lauschtert hei d'Reaktiounen!

Als lescht hunn si sech nach e Moment geholl fir all Mënsch Merci ze soen, an dat natierlech och mat kengem anere Lidd ewéi "Zusammen". Leider awer koum de Schluss no ebëssen méi wéi 90 Minutte vill ze fréi, a leider och ouni Zugab... Dat huet awer näischt doru geännert, dat d'Stëmmung vun Ufank bis Schluss gutt war an dat egal bei wei engem Alter!