Verschidde Leit hu bal 3 Joer drop gewaart, e Sonnden stounge Seeed dunn endlech virun der Luxexpo op der Bün!

Zanter hirem alleréischte Besuch um e-Lake Festival 2005 hu Seeed eng ganz speziell Connection mam lëtzebuerger Public opgebaut. No Sold-Out-Shows am Atelier an an der Rockhal war et elo un der Zäit deen nächste Schrëtt ze goen an d'Band viru 15.000 Leit op d'Bün virun der Luxexpo ze setzen!

Dass et e speziellen Owend géif ginn, huet ee schonn um Motivatiouns-Level vun de Leit an der Schlaang gemierkt. Ewéi um 17:45 Auer d'Dieren opgaange sinn, haten déi éischt Leit et no engem kuerzen 150-Meter-Sprint och bis ganz vir an déi éischt Rei gepackt. Géint 20:45 Auer sinn M.I.K. op d'Bün komm, vun deenen ee wéinst där niddereger Lautstäerkt leider wéineg bis guer näischt matkrut. Wéi sech 15.000 Leit an Ekstas unhéieren huet een dunn awer um 21:22 Auer gemierkt, ewéi Frank Dellé, Peter Fox a Band op d'Bün komm sinn!

Fir déi kleng Kritik-Punkten virewech ze huelen: Natierlech hätte Seeed nach roueg e bësse méi laang kënne spillen. Natierlech hätte Peter Fox a Frank Dellé och e bësse méi mam lëtzebuerger Public kënnen interagéieren - definitiv eng Affaire de goût! A jo, op verschiddene Plaze vum Site war de Sound ausbaufäeg.

Trotzdeem iwwerweit zu 100% dat Positiivt! Mat hirer Aura, hirem Charme, hirer Spillfreed an hire ville groussen Hits hu Seeed et op en Neits fäerdegbruecht matzerappen. An deenen 90 Minutten war einfach alles op de Punkt. D'Museker hunn de perfekte Mix aus hire Classics an aktuellen Hits vum Album "Bam Bam" fonnt. Ervirzehiewen sinn definitiv hir Remixes a Mashups - "Dickes B" x "Sexy Back" (Justin Timberlake) war den absolutte Wansinn - déi all Show e ganz eenzegaartegen Touch ginn.

Lauschtert hei d'Reaktiounen nom Concert!

Seeed muss ee live gesinn hunn - a wann ee bis eng Kéier do war kënnt een och ëmmer erëm. Bis déi nächste Kéier!