
Schmyt / © Marco Justus Schoeler
No senger ausverkaafter Tour am Hierscht dëst Joer, kënnt den däitsche Kënschtler Schmyt am Fréijoer 2023 och bei eis op Lëtzebuerg!
Viru gutt zwee Joer huet de Sänger, Songwriter a Producer seng éischt Songs erausbruecht. Mëttlerweil gehéiert hien zu deenen ugesotsten Acts aus Däitschland. De Schmyt huet zesumme mat de Produzenten Bazzazian (Haftbefehlt) an Alexis Troy (RIN) e ganz eegene Sound entwéckelt a beweegt sech iergendwou tëschent Pop, Hip-Hop an R'n'B.
Mat senger gefeierter EP "Gift" gouf de Museker och fir de Preis für Popkultur, den New Music Award an d'1LIVE-Krone nominéiert. Am Mee vun dësem Joer huet de Schmyt dann direkt och säin Debut-Album "Universum regelt" erausbruecht.
E Beweis fir dem Schmyt säin Hype ass de Fait, dass seng Hierscht-Tournée déi hien elo am Oktober an November spillt quasi komplett ausverkaaft ass. 2023 geet hien am Fréijoer dann op en Neits op Tournée a wäert och Statioun bei eis zu Lëtzebuerg am Atelier maachen!
Datum: 30. Abrëll 2023
Ticketen: de Virverkaf leeft méindes den 22. August 2022 um 16:00 Auer un