Kuerz virum Ufank vum Festival um Kierchbierg gouf et nach eng kleng Ännerung bei der Timetable.

Déi däitsch DJane Pretty Pink sollt eigentlech um Luxemburg Open Air Festival um Freideg Owend vun 19h - 20h optrieden. Krankheetsbedéngt muss deen Optrëtt leider ofgesot ginn.

D'Organisateuren hunn awer een Ersatz fonnt. Den hollänneschen DJ Guz wäert dëse Slot dann iwwerhuelen.