Mat hirem aktuellen Album Music of the Spheres si Coldplay aktuell op grousser Welt-Tournée - elo kënnt dir si och um groussen Ecran erliewen!

Enn Oktober iwwerdroe Coldplay hire Concert vu Buenos Aires a Kinoen ronderëm d'Welt! Och hei zu Lëtzebuerg kënnt dir Live-Musek vun der Band ronderëm de Chris Martin erliewen. Mat alleguer hire groussen Hits ewéi "Yellow", "The Scientist", "Viva La Vida", "A Sky Full Of Stars" oder "My Universe" komme si den 29. Oktober an de Kinepolis Kierchbierg a Belval!

RTL

© Screenshot kinepolis.lu

Bis elo hu Coldplay op hirer "Music of the Spheres" Welt-Tournée ënnert anerem och zu Paräis, Frankfurt, Bréissel oder London gespillt. Fir Mee, Juni a Juli 2023 hat d'Band nach weider Datumer annoncéiert, d'Concerten bei eis an der Géigend sinn awer leider schonn ausverkaaft.

RTL

© Stevie Rae Gibbs